Resultat Course Saint-Léger (B) 22.05.2016
Op der Course zu Saint-Léger huet den Loïc Bettendorff bei den Débutants eng 1. Plaatz gemach. Hien huet sech am Sprint geint 3 aaner Coureuren durchgesaat, an d’Course gewonnen.
Bei de Minimes 12J ass Caroline Reuter daat 14. gin, eischt Meedchen (op 1. Tour), an bei der Course Minimes 13J huet Marie Schreiber eng 4. Plaatz gemach, daat just op 14“ hannert dem Gewënner. D’Marie ass och daat eischt Meedchen gin.
Bei den Aspirants (Cadets) ass de Philippe Reuter den 3. ginn. Hien ass an der selwechter Zäit wei de Gewënner iwer den Strëch gefuer.