Reckblëck Summertraining bei de Benjamins, Minimes, Cadets an Débutants
Ob Gebuertsdaagsortie vum Philippe, Krankenbesuch beim Tom, MTB Training oder Stroossentraining, de ganzen Summer as am Tooltime aktiv geschafft gin. Mir haten e puer Brennesselbegéignungen, Trainingssortien zu Woltz, e MTB- Schnuppercours, een duebel gebrachenen Aarm, deen een oder aneren Velo futti, heinzdo e Baam am Wee, déi eng oder aner Chute, an haaptsächlech vill Spaass beim Training an der Sonn. Et as dichteg bäigeléiert gin,an d’Traineren hun sech vill Méih gin, vir den Training ofwiesslungsräich ze gestalten. D’Schoul as rem un mee den Training geet weider. Merci un all déi déi de ganzen Summer sou flott dobäi waren. Hei sin e puer Photoen déi daat ennersträichen.