Skoda Cross Cup Brouch – 01.10.2017

Den eischte Laaf vun der Cross-saison gett traditionnel zu Brouch gefuer. Endlech war et erem esou wäit an de Cross ass erem Bestanddeel all Weekend bis Mëtt Januar.

Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

41 coureurs au départ

4. Felix SCHREIBER +00’22“ (2. Espoirs)
10. Lex REICHLING +02’29“
16. James BINDELS +02’43“ (6. Espoirs)
25. Ben PHILIPPE +07’15“
28. Maurice THILL à 1 tour (12. Espoirs)
35. Philippe GOESSENS à 1 tour
ab. Kevin DISTELDORFF
ab. Claude ENGELMANN

27 coureurs au départ

6. Jacques GLOESENER +02’40“
25. Tom HERMES à 1 tour

18 coureurs au départ

5. Philippe REUTER  +03’32“
10. Marie SCHREIBER +05’12“
15. Michel CLEES à 1 tour

Botte-Coureur

Am Kader vum Passage vum Tour de France am Préizerdaul, huet och de Velosveräin Tooltime mat enger Attractioun opmierksam gemach. E Botte-Coureur !

Botte-Coureur

Botte-Coureur

D’Idee ass entstaanen an der leschter Comitésversammlung wou de Patrick Plier huet sech Gedanke gemach waat e kéint machen, waat aaner nët machen. Hien a séi Papp, de Jean-Marie Plier, hun vill Stonnen aus engem Concept e Réalisé gemaach.

Construction

Construction

 

Maillot Jaune

Maillot Jaune

Déi lescht 2 Wochen virum Passage vum Tour de France den 3. Juli sin zesummen vill Owenter drop gangen, wou vill Eisen geschweest gin ass, Droot gebitzt gin ass, a mam Pistolet Farw opgedroe gin ass. D’Moosen hun gestëmmt an beim Montage um Heewoon op 2 Botten, huet alles perfekt gepasst. De Botte-Coureur huet seng Plaatz mëtten am Durf op der Haaptstroos krit,

Botte-Coureur

Botte-Coureur

a vill Leit sinn stoe bliwen fir dem Jean-Marie sein Wierk ze kucken. Esouguer de Sportsminister ass stoe bliwen an huet eis félicitéiert fir déi gudd Arbecht. Wou de Botte-Coureur nom Tour de France seng définitiv Plaatz kritt bleiwt nach ze klären … (weider Photoen fand dir hei)

Championnats Nationaux en ligne

Nom Contre-la Montre war et de Samsteg a Sonndeg zu Remerschen un den Epreuven „en ligne“ . Hei waren och all eis Coureuren um Start an hun och gudd Resultater gemach. Bei de Minimes ass de Rick Meylender gudden 7. gin De Gilles Clees huet dei 12. Plaatz gemach an de Nicolas Seyler ass op 18 komm. Dun war et un de Cadets wou mir matt 2 Meedercher eng 1. an 2. Plaatz gewonnen hun. Caroline Reuter ass daat eischt bei de Meedercher a Championne gin. Knapp hannendrun op der 2. Paatz war Marie Schreiber.

Championne Cadets (F)

Championne Cadets (F)

De Philippe Gloesener huet déi 29. Plaatz gemach just virum Michel Clees op der Plaatz 30. Bei den Debutants war de Jacques Gloesener an de Philippe Reuter um Start. Fir déi 2 war et eng schweier Course an sie sin um Enn op Plaatz 11 an 13 komm. Bei der Course vun de Junioren haate mir och e Podium ze feieren:

Champion Juniors

Champion Juniors

Hei ass de Felix Schreiber knapp am Sprint geschloe gin an huet sech matt der gudder 3. Plaatz zefridde gin. Fir de James Bindels an Scott Hubert war et keen gudde Daag. Sie zwee hun virzeiteg opgehalen. Et war dun un der Course vun der Elite. Hei haate mir déi meeschte Coureuren um Start. 8 Ronnen waren ze fueren mat ca. 155km an et soll vir e puer Coureuren awer zevill sin, well de Rythmus vum neie Champion, Bob Jungels, phénoménal war.

Champion Elite sans contrat

Champion Elite sans contrat

Um Enn huet sech de Lex Reichling bei der Elite sans contrat, eng gudd 2. Plaatz erausgefuer, knapp geschloen vum Tim Diederich. De Podium ass awer excellent vum Alec Lang op der 3. Plaatz kompletéiert gin. Eng gudd Performance vum Maxime Weyrich deen de 5. Espoir gin ass (11. an der Course) an vum Rapael Schweitzer op der 18 esou wei och den Ben Philippe op der Plaatz 28. Fir all anner Fuerer, Claude Engelmann, Dean Weyer, Kevin Disteldorff, Maurice Thill a Philippe Reuland war et leider virzeiteg eriwer.

Championnats Nationaux CLM

Bei de nationale Meeschterschaften am Contre-la-montre, den 21. Juni waren eng Reih Coureuren vum Tooltime um Start. Hei eis Resultater:

Eng Podiumsplaatz haate mir mam Ben Philippe den eng Top 2. Platz bei der Elite sans contrat erausgefuer huet.

Pl. Nom Temps km/h Ecarts
Elite s/contrat 2 PHILPPE Ben 0:23:45 47,34 01:23,55
6 LANG Alec 0:24:28 45,95 02:06,64
11 ENGELMANN Claude 0:25:22 44,33 03:00,50
Juniors 8 BINDELS James 0:24:52 45,23 01:28,78
12 HUBERT Scott 0:27:29 40,91 04:06,15
Debutants 4 GLOESENER Jacques

Rapport Flèche du Sud 2017

Hei de Rapport vun eiser Participatioun bei der Flèche du Sud 2017.

Rapport Flèche du Sud 2017

Rapport Flèche du Sud 2017

 

Den VV Tooltime ass wei 2014 an 2015 déi beschten Equipe FSCL net continenal gin. De Maxime Weyrich ass op der 2. Etappe an de maillot jaune, als beschte Letzeburger, gefuer. De Maxime ass dei 3. Etappe Bourscheid-Bourscheid mam Maillot jaune gefuer an huet sech als beschte FSCL Fuerer klasséiert op dëser Etappe. De Lex Reichling ass op der 4. an 5. Etappe de beschte FSCL Courereur gin. Um Enn ass am Classement général de Lex REICHLING  68 sten op 23’ 30’’ ; Maxime WEYRICH , 88 sten à 30’ 50’’ , an Cristiano BATISTA MENDES 102 ten op 42’ 19’’ gin.

GP Stad Vilvoorde

Den VV Tooltime Preizerdaul huet de Sonndeg 7. Mée mat 6 Coureuren (Lex REICHLING; Cristiano BATISTA MENDES; Alec LANG; Claude ENGELMANN; Maxime WEYRICH an Raphael SCHWEITZER) un der Velos Kurs ‘Grote PRIJS VILVOORDE’ an der Belge Deel geholl. Alle 6 Coureuren sin no 147 km mat enger Moyenne vun 46,902 Km/H mat dem Peloton , 3’’ no dem Sieger am Ziel ukomm.
Klassement vun den Coureuren vum Tooltime:
22 : Lex REICHLING
47 : Alec LANG
50 : Claude ENGELMANN
54 : Maxime WEYRICH
63 : Raphael  SCHWEITZER
69 : Cristiano BATTISTA MENDES
Gestartet sin 125 Coureuren/ Ukomm sin 119 Coureuren; dovun 95 Zeitgleich am Peloton.GP
1 10 11 12 13 14 34