Skip to content
Site Tools
Narrow screen resolution Wide screen resolution Auto adjust screen size Increase font size Decrease font size Default font size default color blue color green color
Du bass hei: HOME
Festival Ell - Presse
Geschrieben von Administrator   
Dienstag, 31. August 2010

LW-Festival_Ell_20100830

 Hei ass och nach e Link op CyclingNews wou e puer schei Foto'en vun der Damecourse ze fanne sinn http://www.cyclingnews.nu/Dames%202010/Luxemburg29-08-2010.htm#Zondag

Den Comité vum V.V. Tooltime gratuléiert ganz besonnech denen zwéin Tooltime Coureuren déi et den Weekend op eng éischt Plaatz gepackt hun:

dem Steve Redlinger an dem Jacques Wirtz

Des weideren kreien och al di aner Coureuren fir hiren Asatz Merci gesot. Genau esou kréien och all t'Sponsoren an t'Helfer déi di zwee deeg bai all Wieder hiren Mann oder hier Fra gestanen hun, an ouni déi eisen Festival net méigelech wier, en groussen Merci gesot.

 

dsc_6628

 

 
Giro delle Dolomiti & Gran Fondo Charly Gaul
Geschrieben von Welter Jean-Paul   
Dienstag, 17. August 2010

Vum 1-7.08.10 waren den Aly Schartz, den Jean-Paul Welter an d'Monique Ludovicy op der Dolomitenrundfahrt zu Bozen (I) fir den Tooltime am Asaatz. Dëss ganz flott Organisatioun huet sëch well fir 34. Kéier bewährt an eis 3 Tooltimer koumen och mat genialen Erënnerungen zréck. 6 Etappen stungen um Programm an pro Etapp en Biergzaïtfueren vun 4-20km, je no Etapp. Den Rescht vun der Etapp huet een missen hannert dem Führungsauto fueren! Die 3 éischt Deeg waren héich summerlëch T° ugesot an den Schwees as bis an d'Strëmp gelaaf;-). Den 4.08.10 war Roudaag ugesot an d'Lëtzebuerger sin mam Velo op Meran die gudd Kichen testen gaang. Déi 4. Etapp huet wéinst heftëgem Reen leider verkierzt missen gin an och d'Montée rop op d'Stilfserjoch (2758m) um 5. Daag konnt just bis 7km virum Pass gefuer gin well Schnéi ab 2200m luch...Mee och die "just" 17,4km biergop waren ustrengend! Um Enn waren eis 3 Coureurs ganz zefridden mat hiren Leeschtungen an och den Trainingseffekt vun der Woch léisst sëch weisen. En groussen Bravo och un d'Organisateuren fir den gelongenen Event! Die 6 chronométréiert Deeler vun all Etapp sin um Enn zesummengezielt gin fir den Ranking. Ronn 800 Leit hun un dëser Rundfahrt deelgeholl, sie hun awer mol di eng oder aaner Etapp ausgelooss an dofir sin der herno manner am Klassement.

Resultater no den 6 Etappen:

Männer (400 an der Arrivée) 

1. Zelger Andreas 3h29:40,00 

60. Welter Jean-Paul 4h23:31,95 (22./80 AK37-42)

94. Schartz Aloyse 4h34:27,15 (17./99 AK)

Dammen (41 an der Arrivée)

1. Ilmer Marina 4h15:35,15

12. Ludovicy Monique 5h16:52,65 (9. AK18-39)

Den Daag no der leschter Etapp hun sie dunn beschloss di 5. Gran Fondo Charly Gaul zu Trento (I) matzefueren, vu que dass sie jo well an der Géigend waren an elo jo och gewinnt waren laang biergop ze krackselen;-) Ronn 2000 Participants hun op der Medio resp. Gran Fondo deelgeholl. No engem 22,5km laangen biergop konnten sie um en dem Charly Gaul saïn legendären 17,5km laangen "Monte Bondone" nach rop an d'Ziel fueren.

Resultater (139km-3200hm)

Männer

1. Beconcini Andrea (I) 4h22:22,50

82. Welter Jean-Paul 5h00:51,7 (17./393 AK)

185. Schartz Aloyse 5h19:45,70 (8./42 AK)

Dammen (62 an der Arrivée)

1. Luperini Fabiana (I) 4h51:52,70

15. Ludovicy Monique 5h40:06,80 (9./23 AK DA)

Landschaftlëch an och sportlëch war déi Woch gigantësch an et waert net di leschte Kéier sin wou Tooltime sëch an den Dolomiten blécken léisst;-)  

 

 
<< Anfang < Vorherige 1 2 3 4 5 6 7 Nächste > Ende >>

Ergebnisse 1 - 10 von 64
Advertisement

Eis Sponsoren »

Ëmfro »

Dest Joer sin di zwéin Gebridder Schleck an der Vuelta!
 

Météo »

Das Wetter heute
Das Wetter morgen

Tooltime Events 2010

24.04.2010 Randonnée route TELEVIE, 10h Fabrik  

28-29.08.2010 Festival Tooltime à Ell

31.10.2010 Cyclocross Préizerdaul

09.01.2011 Championnats nat. Cyclocross Préizerdaul

Newsletter






Expand All Collapse All Show/Hide Menu

Training Log

Alle anzeigen

Login






Passwort vergessen?
Noch kein Benutzerkonto?
Registrieren

Visitor Counter

Haut14
Gëschter155
des Woch169
dese Mount772
Total133872

Wien as online?

Aktuell 17 Gäste online