Flèche du Sud 2016 – Bilan

De Velo Verein Tooltime Preizerdaul huet dest Joer mat folgenden Coureuren un der FdS Deel geholl. Mike DIENER; Cristiano BATISTA MENDES; Alec LANG; Lex REICHLING; Philippe REULAND an Raphael SCHWEITZER.

Equipe die eis Coureuren während der FdS betreit huet: Michèle SCHILTZ; Albert DEREFA; René JACQUEMOTH; Mireille LANG; Viviane DIENER; Liz an Ady REICHLING. Willy LECARTE. Tom STEICHEN. Jacques HEUTS an Jos ENGELMANN:

1. Etape :  Kayl-Kayl Moyenne vun 45 km/h. > Chute an der 3. leschter Ronn vum Raphael SCHWEITZER zu KAYL. De Raphael huet dobei de Velo missen wieselen. Seng lenks Mannette war gebrach. Während deser Ronn hun am Peloton eis Coureuren Philippe REULAND an Alec LANG missen lass loossen. > Beim Sprint, wou et am leschter Km och nach eng greisser Chute gouf, konnt den Lex REICHLING sech als gudden 44. Klasseieren. Mat am Peloton waren den Mike DIENER an den Cristiano BATISTA MENDES.

2. Etape : Roeser- Remmeleng Geint Km 40 hun sech 3 Coureuren aus dem Pelotn of gesaat. Kurz durno huet den Mike DIENER mat 2 anneren Coureueren Verfolgung vun desen 3 Ausreisser obgeholl. De Mike as och bis ob 1 Minut un Spetzt erun koum huet durno awer missen agesin, dat sein Begleder net stark genuch war wier him tatkräfteg ze hellefen. No 40 Km Flucht an woubei sie iwert 5‘ Virsprong ob den Pelton eraus gefuer hatten, gouf de Mike vum Peloton agefangen. An deser Etape hun den Philippe REULAND, Alec LANG an den Raphael SCHWEITZER missen am Peloton lass loossen. Och den Lex REICHLING gouf vum Peloton ofgehangen. De Lex huet wer konnten e puer Km an den Autoen nach mathaalen. Nodems den Kommissar Max BECKER dun awer e Barrage weinst dem Lex gemach huet, huet de Lex missen eng Partie Km eleng fueren. Zu Remmeleng um Schlusscircuit huet den Raphael ob den Lex obgeschloss. Den Alec an den Philippe hun zu Remmeleng obgin. Zweschent Freiseng an Bettemburg gouf den Cristiano hannen platt. Mir hun versicht hen hannert dem Auto erem bei den Peloton beizefeieren, awer den starken Verkeier zu Bettemburg an Dideleng huet eis dorun gehennert. Zu Teiteng sin mir dann ob den Mike obgefuer, den am Petolon huet missen lass loossen. De Mike an den Cristiano sin dun zesummen des Etape un d’Enn gefuer an sin mat 10‘ Verspeidung ukomm. Zu Remmeleng hatten mir dun nach 4 Leit ob der Arrivée.

3. Etape : Den VVT as des Etape also mat 4 Coureuren ugetrueden. Et sollt eis Etape gin. De Mike, Crisitiano, Lex an Raphael hatten sech vill virgeholl. Et sollt nun awer zu engem Drama an deser Etape kommen. No 10 Km Cours gouf et bei Hostert an der Descente eng schweier Massen-Chute am Peloton. Hei hatten mir 2 Coureuren die schweier Verletzungen erlidden hatten. Em die 40 Coureueren waren an der Chute verweckelt. 14 vun hinnen goufen an Spidol ageliefert. De Cristiano hat offen Wonnen um ganzen Kieper. Wou hen an der Ambulanz lung huet hen 2 x Bewostsein verluer; wourobshin den Dokter entscheed huet de Cristiano schnellstens an Spidol per Helli ze feieren. De Mike hat eng grouss an deif offen Wonn um lenken Knei. He gouf ob der Onfallplatz ärztlech versuegt an as durno mat sengem Ersatzvelo mat ob Warken gefuer. Durno as de Mike awer an Spidol gangen, wou hen seng Verletzung um Knei richteg behandelt krut. Durch Stech die den Dokter him gemach huet, war net mei drun ze denken den nächsten Daag wieder ze fueren. Dem Mike an Cristiano hier Veloskaderen waren an der Lenksstang gebrach. De Raphael war och gefall, hat awer keng Verletzung. De Lex konnt Chute vermeiden.

4. Etape : Des Etape sin mir also nemmen mei mat dem Lex an dem Raphael ugetrueden. Dei Lokalronn gouf neutraliseiert gefuer. Durno an Richtung Echternach gung et dunn awer hell eweg. Schedgen erop hun eng ganz Partie Coureuren missen am Peloton lass loossen, sou och den Raphael. No der Montée vun Sotzembuerg huet den Raphael dunn missen Cours verloossen. De Lex huet eis awer dei Etape wierklech gudd iwerrascht. De Lex war am Haaptpeloton an as och trotz Krämp an Arrivée komm.

5. Etape : Dei lescht Etape sin mir nach just mam Lex un den Départ gangen. De Lex hat während der FdS Form fondt an as als enzegen Letzeburger ouni Vertrag zu Esch mam Peloton ukomm. All eisen Coureuren soen ech villmols Merci fir hier Leschtung bei der FdS. Och wann et fir den en oder anneren net esou gelaaf as wei gewönscht, sou denken ech, dat et 2017 erem besser geht.

Der Equipe dei eis Coureuren betreit hun soen ech och villmols Merci.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.