Flèche du Sud 2016
Hei e puer Fotoen (Albert Krier, Charel Meyers) vun der Flèche du Sud 2016.
Um Départ waren Cristiano, Raphaël, Philippe, Lex, Mike an Alec.
De Cristiano as op der dretter Etape gefall, zum Glëck as en mat Schürfwonnen dovun komm. Hien huet um ganzen Kieper Schreipsen an blo Flecken. Sein lenken Knei as verbonnen an deck geschollen. Dat selwecht wei seng rechts Heft. Et geet him awer besser an hien denkt awer erem Kurs ze fueren. Mir wenschen eng séier a gudd Besserung.
Villmols merci un alleguerten déi, déi gehollef hun dass d’FLS 2016 sou gudd iwwert d’Bühn gang as : Viviane, Myriam, Caroline, Lis, Ady, Willy, Pascal, Michèle, René, Albert, Tom, an e besonneg groussen Merci un de Jacques an de Jos déi onermiddlech vir d’Coureuren geschafft hun.
Chapeau fir den Lex, den den VVT emmer eierbar vertrett. Wier Chute net gewiescht, wou den Mike an den Cristiano ausgefall sin, wier den VVT mat Secherheet erem dei beschten letzb. Equipe gin.