Cyclocross Warken – 16.12.2018
(RTL.lu) Et war ee spannende regionale Cyclocross e Sonndeg zu Waarken. An der Hallschent vun der Elite-Course war et nach e Grupp vu gutt 6 Coureuren, déi ëm d’Victoire gefuer sinn. Mat dobäi de Loïc Hennaux, de Scott Thiltges, de Vincent Dias dos Santos, de Felix Schreiber, den Nicolas Kess an de Lex Reichling. Um Enn konnt sech de Loïc Hennaux d’Victoire sécheren. De Belsch hat op der Arrivée e Virsprong vun 9 Sekonnen op de Scott Thiltges, deen domadder beschte Lëtzebuerger gëtt. Um Podium stoung nach den Nicolas Kess mat engem Réckstand vun 12 Sekonnen. De Vincent Dias Dos Santos huet sech misse mat der 4. Plaz zefridde ginn. Hien ass 39 Sekonnen nom Hennaux iwwert d’Arrivée gefuer. Op d’Plaze 5, 6 a 7 sinn de Felix Schreiber, de Sören Nissen an de Lex Reichling gefuer.
De Vincent Dias dos Santos bleift am Skoda Cross Cup a Féierung an huet elo nach e Virsprong vu 66 Punkten op de Scott Thiltges. Drëtten ass de Loïc Hennaux.
Bei den Damme war d’Elise Maes déi Séierst a bleift am Skoda Cross Cup souverän a Féierung. Si hat e Virsprong vun 38 Sekonnen op d’Nathalie Lamborelle. Iwwert déi drëtte Plaz konnt sech d’Laetitia Maus freeën.
Bei de Junioren ass de Belsch William Lecerf als éischten iwwert d’Arrivée gefuer. Hien hat no de gutt 40 Minutten e Virsprong vun 1 Minutt a 26 Sekonnen op de Loïc Bettendorf, deen domadder beschte Lëtzebuerger gëtt. De Mik Esser huet de Podium komplettéiert, dat mat engem Retard vun 2 Minutten an 18 Sekonnen.
Bei den Debutanten huet de Mathieu Kockelmann sech op en Neits d’Victoire geséchert. De Coureur, deen dës Saison dominéiert, hat e Virsprong vun 1 Minutt a 26 Sekonnen op den Noé Ury. Um Podium stoung nach den Alexandre Kess op 2 Minutten an 23 Sekonnen.
Bescht Meedche war wéi an de leschte Wochen d’Marie Schreiber.
D’Resultater vun den Tooltime-Coureuren: