Championnats Nationaux (Part 2) Min/Cad/Deb/Mas

Den zweeten Dell vun de Meeschterschaften war komplett am Reen ënner gangen. D’Masters, Minimes, Cadets, Débutants an Damen sin all op engen Cours vun ca. 10Kilometer gefuer. FOTOS

Bei de Masters hatte mir mam Joël Stroesser an mam Jeannot Nederween 2 Coureuren um Start dei mat Courage dem Reen getrotzt hun. Si sin den 15 a 16 gin.

Bei de Minimes ass de Peloton schon am eischten tour durch eng Chute gesplëckt gin sou dass sech vir e Grupp mat de Favoriten zesummen fonnt huet an deem de Kim Bintz, de Jona Kalweit an de Fynn Ury waren. Nodem de Fynn e Problem mat senger Schaltung hat, as hien e bessen ofgefall. Am leschten Tour as och de Jona ganz e bessen zereckgefall. Am Sprint vir d’Victoire hun de Mathieu Kockelman, de Kim an de Mil Morang géigeneen gekämpft. De Mathieu huet verdengt gewonnen an de Kim Bintz huet eng exellenten zweeten Plaatz erausgefuer. De Jona Kalweit ass de 5. gin an de Fynn Ury ass den 8. De Mika Theisen huet sech als 15. klasséiert. Op deene weider Plaatzen waren den Philippe Gloesener (24.) an de Jonas Stroesser (28.)

Caroline Reuter - Championne Minimes

Caroline Reuter – Championne Minimes

Bei de Meedecher hun d’Caroline Reuter an d’Liv Wenzel em den Titel gekämpft nodem d’Lena Carier direkt beim Départ vun engem Jong, deen an d’Cloture gerannt as, geblockt gin as an dun vill Zäit verluer huet. hatt huet sech erem un de Peloton erugekämpft mee as geschwenn an d’Chute geroden a war dun definitv oofgefall.  Och d’Liv as am éischten Tour vun där Chute gebremst gin, d’Caroline as knapp dolaanscht komm. De Grupp as auserneen gerappt gin mee as awer lues a lues erem zesummen komm. Am dretten a leschten Tour huet d’Caroline Reuter sech e bessen oofsetzen kennen an as als Gewennerin iwwer d’Arrivée gefuer. Kuerz hannendrun as d’Liv Wenzel als zweet Meedchen iwwert d’Linn gefuer nodem hatt eng ganz stark Course gefuer as.

Och bei de Cadets ass de Peloton direkt am eischten Tour ausernee gefall, sou dass sech 10 Favoriten an engem éischten Grupp zesummenfonnt hun, de Mats Wenzel (5.) an de Philippe Reuter (6.) waren do dobei. D’Marie Schreiber an de Jeff Navalha (20.) waren an engem zweeten grousssen Peloton. De Luca Kalweit (18.) as e bessen oofgefall an huet missen e gudden Deel vun der Course elleng fueren. Am dretten Tour huet de Philippe eng Attaque gemaach a konnt sech aus dem Grupp oofsetzen. Allerdengs as et zu engem Regroupement komm. Um Schluss huet de Charel Dax gewonnen, de Mats Wenzel as gudden 5. gin an de Philippe Reuter gudden 6. D’Marie Schreiber huet missen géint d’Lis Nothum kämpfen dat vun sengem Brudder an engem aneren Munnerefer ferme ennerstetz gouf. De Jeff hat leider Krämp an as aus dem Grupp ofgefall. Déi Munnerefer hun dem Marie keng Geleenheet gelooss fortzekommen. Sou hat d’Marie am Sprint keng Méiglechkeet voll duerchzezéihen. D’Lis huet bei de Meedecher gewonnen, d’Marie as no enger gudder Course knapp zweet gin. Durch eng Trainigschute déi Woch virum Championnat war den Noé Ury nach verletzt a konnt net deelhuelen

Och bei den Débutanten war verletzungsbedingt durch eng Chute e puer Deeg virum Championnat den Steven Nederveen net um Start a huet forfait gemach. Hei war de Loïc Bettendorf zum Schluss an engem Group vun 5 Leit an huet sech awer am Sprint missten mat der 5. Plaatz zefridde gin. Hei ass den Arthur Kluckers neie Champion gin. De Jacques Gloesener (12.) wei och den Mik Esser (19.) waren am grousse Peloton. Den Noé Feragotto ass den 20. gin an den Tom Hermes den 30.

Bei den Damen haate mir kee Coureur um Start dodeems sech Laurence Thill durch Schoulverpflichtungen oofmelle missten.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.