Äddi Jeannot
Mir kënnen et einfach net verstoen. Jeannot, du hues eis verloos.
Du wars fir eis e Virbild, an matt denger Art a Weis, wei’s du dëngem Veräin gehollef hues, dëngem onermiddlechem Asaatz hues du déin Tooltime ëmmer zesummegehalen. Deng Iddeen a Projet’en hun aus dem Tooltime e Verain gemach wou Frënnschaft grous geschriwwen ass.
Du wars fir eis Coureuren wei e Papp. Sie all hun probéiert, daat emzesetzen was du hinnen virgelieft hues. Dorrobber kanns du stolz sin, well du alleng hues all eise Jongen a Meedercher op d’Erfolegsspuer vun dëngem Sport gefouert. Deng Trainingen zesummen iwwer all déi Joeren, all déi Kilometer déi mir zesummen eroofgespult hun, waren net emsoss. Du hues eise Coureuren gewisen waat alles mat Diziplin an Motivatioun ze errechen ass. Dëng Coureuren wärten alles dru setzen fir dir daat weider ze beweisen !
Jeannot, elo bass du net méi do, du fehls eis.
Elo ass Zäit komm fir Äddi ze soen.
Jeannot, MERCI fir alles was du fir eis gemaach hues. Mir wärten dech nie vergiessen an ëmmer a Beschter Errënnerung behalen.