Cyclocross Championnat Kayl – 13.01.2018
Hei e klenge Lagebericht vun de nationale Championnater am Cyclocross zu Kayl, wou sech all eis Coureuren top geschloen hun an 2 Nationale Titelen feiere konnten. Den Philippe Reuter, Champion bei den Debutants an de Felix Schreiber, Champion bei den Espoirs.
Bei den Débutants, konnt sech de Philippe Reuter am eischten Tour zesummen mam Jérôme a mam Alex oofsetzen. Schon no kurzer Zäit huet hien de Jérôme iwerholl an as um Schluss vum éischten Tour huet och laanscht den Alex gefuer. Vun do un huet hien d’Course ganz kloer dominéiert an huet säin Virsprong bis op iwwer eng Minute ausgedehnt, an sech souveraine de Championstitel gesëchert. Felicitatioun !
Bei de Junioren, haat de Jacques Gloesener, direkt am eischten Tour Pech, an huet an der Wieselzone wertvoll Zäit verluer bis hien op sein 2. Velo konnt wieselen. Hien huet dobei vill Platze verluer an huet sech lues a lues erem eropgeschafft a war op der 5. Plaatz bis hien am leschten Tour platt gin ass. Hien huet eng gudd Course gefuer trotz dem ville Pech. Den Tom Hermes konnt seng Course zu Enn fueren, wat op dem schweieren Terrain eng gudd Leschtung ass.
Bei der Elites/Espoirs huet de Lex Reichling och gleich am 1. Tour de Velo gewieselt an dobei och 2,3 Plaatzen verluer. De Felix Schreiber lung beim 1. Passage ob der 7 Platz. An der 2. Ronn hun de Felix an de Lex Course ugefouert. De Vincent Dias Dos Santos an den Scott Tiiltges lungen ob 3,4. Platz. De Lex huet dunn missen beim Felix lass loossen, sou dass de Felix eleng vir un der Course lung, gefolegt dun vum Soeren Nissen dem Vincent, Lex an dem Scott. No etwa 1/2 Course lung den Soeren eleng an der Verfolgung vum Felix an huet ob de Felix 2 Ronnen virun Schluss ob de Felix obgeschloss. An der leschter Ronn huet de Soeren sech am Besch vum Felix ofgesat. An der Wiss konnt de Felix awer kurz obschleissen; huet dun awer eh sie ob Strooss koumen e klengen Fehler gemach, wou bei hien de Kontakt zum Soeren verluer huet. Fir den Titel bei den Espoirs war de Felix zu kengem Moment an der Course a Bedrängnis vun dem 2., dem Misch Leyder. E scheinen nationalen Titel fir den Felix Schreiber. Felicitatioun !
De Lex Reichling, dee nach an de Schoulexamen ass, huet sei Bescht gin, huet sech zum Schluss am Scott Thiltges an Vincent Dias Dos Santos fir eng Plaatz 4 geklappt. Zum Schluss ass eng 6. Plaatz erauskomm.
De Maurice Thill huet eng gutt konstant Course gefuer an ass op eng gudd 15 Plaatz komm. De Ben Philippe hatt Problemer mat dem ville Bulli an huet sech als 17. klasseiert. Als 20. ass den Alec Lang iwert Ziel gefuer. Hien deen vum September, durch seng Studien a Schottland, net mei um Velo sutz huet sech gudd geschloen. Och de Philippe Goessens huet Ziel gesinn an ass de 25. ginn. Net esou gut ass et fir de James Bindels gangen, den direkt am eischten Tour gefall ass an esou vill Zäit verluer huet. Genau wei den Kevin Disteldorff sollten sie d’Arrivée net gesin.