Botte-Coureur
Am Kader vum Passage vum Tour de France am Préizerdaul, huet och de Velosveräin Tooltime mat enger Attractioun opmierksam gemach. E Botte-Coureur !
D’Idee ass entstaanen an der leschter Comitésversammlung wou de Patrick Plier huet sech Gedanke gemach waat e kéint machen, waat aaner nët machen. Hien a séi Papp, de Jean-Marie Plier, hun vill Stonnen aus engem Concept e Réalisé gemaach.
Déi lescht 2 Wochen virum Passage vum Tour de France den 3. Juli sin zesummen vill Owenter drop gangen, wou vill Eisen geschweest gin ass, Droot gebitzt gin ass, a mam Pistolet Farw opgedroe gin ass. D’Moosen hun gestëmmt an beim Montage um Heewoon op 2 Botten, huet alles perfekt gepasst. De Botte-Coureur huet seng Plaatz mëtten am Durf op der Haaptstroos krit,
a vill Leit sinn stoe bliwen fir dem Jean-Marie sein Wierk ze kucken. Esouguer de Sportsminister ass stoe bliwen an huet eis félicitéiert fir déi gudd Arbecht. Wou de Botte-Coureur nom Tour de France seng définitiv Plaatz kritt bleiwt nach ze klären … (weider Photoen fand dir hei)