2ten GP Bob Jungels zu Dippach

Mix-Team Tooltime Préizerdaul 2017

Mix-Team Tooltime Préizerdaul 2017

Dëse Sonndeg waren Junioren als Mixe-Equipe um „2.ten GP Bob Jungels“ angeschriwwen. Dest ass eng UCI-Course vir Junioren wou 28 Equipe ageschriwwen waren mat ca. 160 Coureuren um Start. Ze fueren waren um Circuit (Dippech-Duelem-Garnech-Holzen-Dippech) 12 Ronnen / 130km . Eis Equipe ass vum Charel Meyers (LC Tetange) an vum Dylan Thiel (F) verstärkt gin. Um Enn haate mir mam Felix Schreiber (82.) an mam Dylan Thiel (87.) 2 Coureuren déi zeitgleich mam Peloton op 0’39“ am Classement général waren.

Net esou gut ass et fir de Scott Hubert gangen deen no 400 Meter e Platten haat, an de James Bindels dee kurz drop an enger Chute war, an do séi Velo zerstéiert huet. Fir déi 2 war et dun onméiglech fir nees opzeschleissen, an se sin virzéiteg erausgeholl gin. Och de Philippe Leclerc huet an der 3. Ronn am Bierg lassgeloos. De Charel Meyers haat et bis an déi 7 Ronn gepackt. Och sie hun missten ophalen.

Fir eis Coureuren war et eng gutt Erfahrung vir op dem Top-Niveau matzefueren.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.