Generalversammlung 2017
An enger flotter Atmosphère ass eis Generalversammlung 2017 oofgehale gin. No der Usproch vum Präsident, dem Jos, den déi grouss Leeschtungen vum Tooltime ernimmt huet, sei et, eis trei Coureuren, déi als Ambassadeur eise Verein an eis Gemëng dobaussen vertueden hun, oder d’Arbecht vum Veräin, deen 2016 e schwéier Joer hat an durch déi vill Oofgäng vun jonke Coureuren an och Betreier déi eise Veräin 2016 verloos hun, huet de Veräin nach an dem Bereich e Substanzverloscht, mée awer, wou de Veräin schon Leisungen gesicht huet an der och noch fënd. All dës Mesuren huet Michèle am Aktivitéitsbericht den, den Rëckbleck vun 2016 an och Prévisiounen vir 2017 enthalen huet erklärt. Do drënner sin all eis Manifestatiounen gefall, Cyclocross, Contre la montre, asw, mé och eis Trainingsgruppen déi iwer déi ganz Saison geschafft hun. Daat ass eise MTB Training, Rullentraining ënner der Leedung vum Maiko, deen eis Trainingsstrëck permanent ausbaut, de Ben deen eng ganz wichteg Stütz fir de Verain ass, an den Training a Cordinatioun zwëschen Coureur a Comité formidabel mecht, de Georges den den Stroossentraining mecht, den Tom, den d’Jongen a Meedercher mat sengem Savoir fir de Cyclocross trainéiert huet, an och de Jeannot Kayser den mat Trainingspläng eis grouss Coureuren op hier Zieler préparéiert. Och eis Trainingskoppératioun mam Velo Wolz, déi elo fir 2017 an engem Stage a Südfrankreich fir d’Ouschteren weidergefouerd get, ass erklärt gin. All weider Informatiounen iwer dëse Stage kréien Coureuren, déi ageschriwwe sind an dene nächsten Deeg matgedeelt wou dann nach och eng Informatiounsversammlung organiséiert get. Et ass dun mam Keesebericht vum René weidergangen, wou trotz gudde Recetten, awer Defizit durch eis nei Uniform war, déi mir 2016 krit hun. De Volet Uniform ass awer fir 2017 an 2018 net méi esou massiv, esou dass eis Kees gesond bleiwt. D’finanziel Situatioun fir 2016 ass positiv. De Kasserévisor huet daat och konnten bei senger Inspectioun vun de Konten feststellen an huet eisem Caissier seng Décharge gin. Dono war et de Burgermeeschter, Fernand Heyard, den op déi goud Zesummenarbecht zweschen dem Tooltime an der Gemëng agangen ass, an huet och sech Erfreed gewisen iwer déi gudd Resultater dei den Tooltime errecht huet an dass de Préizerdaul e permanente Bestandeel an der Velos-Presse ass. Dass den Tooltime op der Weltmeeschterschaft an all de Kategorien (Jun, E23 an Elite) jeweils de Beschte Lëtzeburger gestallt huet, huet eis Gemëng erfreed, an déi drei Laureaten, Felix Schreiber, Luc Turchi an Lex Reichling sin separat vun der Gemeng mat engem Merci geéiert gin. No enger fréier Ausproch, huet de Comité dun all senge Coureuren fir hier gudd Performancen 2016 gratuléiert a Merci gesoot.
D’Coureuen déi 2016 e Championstitel, e Podium um Championnat MTB, Cyclocross oder Stroos, oder eng Course gewonnen hun, op enger Weltmeeschterschaft Lëtzebuerg op der Stroos oder Cyclocross vertrueden hun sin separat geéiert gin. Och ass eis Equipe déi 2016 d’Flèche du Sud gefuer ass, an do baal komplett durch déi grausam Chute op der 2. Etappe zu Nagem, déziméiert gin ass, ass net vergies gin. Esou och wéi den Tom Hermes, deen durch eng Chute eng ganz Saison ausgefall ass, ass als „meilleur malchanceux“ geeiert gin. Den Titel vum „méiller progresseur“ ass un den Jacques Gloesener gangen. Den offiziellen Deel vun eiser Generalversammlung 2017 war eriwwer an ass dun durch e flotte gesellechen Owend mat engem Patt an klenger Agappe weidergefuert gin.