Championnats Nationaux (Part 3) Jun/Elites

Sonndeg war den Oofschloss vun de Meeschterschaften an et sollen sech nach Junioren an Elites vir de Championstrikot streiden.

Bei de Junioren ass schon no 4 Kilometer zu enger Chute komm wou de James Bindels onschelleg zu Buedem gangen ass. Hien huet et awer ferdeg bruecht fir erem bei ze fueren, mee huet awer dun opgin mat Verdacht op Schlësselbeenbroch. Glëcklecherweis sollt daat sech awer net bestätigen. Hien huet just Prellungen a muss elo Pausen. An der 2. Ronn vun 6 huet de Philippe Leclerc missen lasslossen. Kurz drop ass de Maurice Thill och an der Monté bei der Kirch laschéiert gin a konnt awer nach op de Peloton opschléissen. Hien huet dësem Effort awer déier bezuelt an konnt den 2. Verfolgergruppe an der Montée op Berbourg net méi haalen. An dësem Group huet de Kevin Disteldorff sech behaapt. De Felix Schreiber huet an engem eischte Verfolgergroup vun 6 Mann alles dru gessat fir d’Echappé vun 3 Fuerer (Ries, Conter, Leyder) ze stellen, waat awer hinne net gelongen ass. Um Enn ass de Felix de 5. gin, de Kevin ass op Plaatz 15 komm an de Maurice ass 18. gin. De James wéi och de Philippe waren DNF.

Mëttes war et un der Elites/Espoirs. Ganz séier waren Profi’en an eng Echappé fort, déi natirlech och durchgangen ass. Vun eiser Säit war de Luc Turchi do matt vertrueden. De Tempo war fir hien extrem schnell a huet missen an der 5. vun 8 Ronnen lasslossen. Eleng konnt hien sech awer iwer 3 Ronnen nach an Ziel retten an um Enn en 10. Plaatz machen (4. Espoirs) . En eischte Verfolgergroup  wou de Mike Diener an Lex Reichling dra waren hun probéiert den Ecart méi kleng ze kréien waat awer ganz schweier war. Hei huet de Lex missten durch Krämp lassloosen. An dësem Group ass fir den Titel bei der Elite sans contract gangen. Um Enn huet de Mike sech am Sprint missten dem Pol Weisgerber a Philippe Hermann geschloe gin. Hien ass den 3. bei der Elite sans contrat gin (14. an der Course). De Larry Valvasori huet sech missten an den Dengscht vun sengem Team de CCI Differdange stellen an ass um Strich de 16. gin. Hien kënnt erem lues a lues a Form no senger Verletzungspause. De Maxime Weyrich deen dës Joer seng Première gepackt huet, an dodurch nach Trainingsrëckstand huet, ass de gudde 19. gin just virum Philippe Reuland (20.). Eng gudd Course sin de Ben Philippe (23.) an de Raphaël Schweitzer gefuer (28.). Fir de Lex Reichling, Alec Lang an de Marc Zimmer war Course virzéiteg erriwer.

E grousse Merci un all déi Leit déi gehollef hun,Coureuren op dësen Meeschterschaften ze enkadréieren, ganz speziell dem Jos dëen omnipresent war. Als Offschloss war en Iessen am Préizerdaul wou mir dës Meeschterschaften 2016 oofgeschloss hun. FOTOS

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.