Championnats Nationaux (Part 1) CLM

Den Optakt vun dem Championnats Nationaux, déi des Joer zu Berbourg, organiséiert vum AC Contern, oofgehalen gin sin, war d’Epreuve Contre la Montre. Et waren hei eng (7,5km) oder zwou Ronnen (15km) ze fueren. Bei warem dompechen  Temperaturen waren Masters déi eischt déi un de Start gaange sin. Hei waren mam Aly Schartz (15.Plaatz ; 11’20“;71) a mam Jeannot Nederveen (17.Plaatz ; 11’40“;59) zwee Coureuren um Start.

Kurz drop waren Espoiren gefuerdert wou de Luc Turchi en excellente Chrono gemaach huet. Hien ass 2. gin (19’29;83).

Och de Mike Diener wollt seng gutt Performance bei der Elite vum leschte Joer bestätigen. Hien huet sech mat der 3. Plaatz nach de Podium gesëchert (19’31“;07). Durch e puer kurz Schaueren war d’Stroos op e puer Plaatz naas, mee ass awer erem seier gedrechent. Den Ben Philippe ass bei der Elite fir sein eischte CLM iwerhaapt an enger formidabeler Zäit vun 20’29“;36 iwer de Strich gefuer an ass de gudden 7. gin.

Zum Schluss hun Junioren sech ëm déi beschten Zäit gestridden. Hei huet de Felix Schreiber eng gudd 7 Plaatz gemaach an ass nach kannp enner den 10 Minute bliwen (9’59“;61). De James Bindels huet eng 15. Plaatz kritt (10’30“;88) an den Kevin Disteldorff ass den 20. (11’08;04) gin. FOTOS

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.