Grouß Botz am Préizerdaul II
Eng kleng awer daper Equipe vum Tooltime huet sech Samstes Moies, den 9. Abrell 2016 um 9:00 an der Sonn op de Wee gemaach, am Kampf géint den Knascht op de Weer, Stroossen a Bescher vum Préizerdaul. Dax hun eis Coureuren net schlecht gestaunt iwwer wat een alles esou zweschend de Beem fennt : vun Dousen an Zigarettenstemp iwwer Fläschen, rieseg Gebesser an Schanken bis zu engem doudegen Fuuss. Eng kurz Visite um Bauerenhaff huet souwuel d’Coureuren wéi och d’Källefcher gefreet. Och e puer Fotoen hunn daat festgehalen. Merci denen déi dobei waren.