Cyclocross régional Skoda Cross Cup Préizerdaul 2023

Den Tooltime Préizerdaul organiséiert den

Sonndeg 10. Dezember 2023 séin

17. Cyclocross régional Préizerdaul 2023

Op enger attraktiver Strëck, sinn mir frou am Kader vum SkodaCrossCup

dem Public am Préizerdaul eng Course op regionalem an nationalem héichen Niveau ze präsentéieren.

Gefuer ginn d’Coursen :

Grand Prix Tooltime pour Juniors (13h00)
Grand Prix De Velosatelier pour Masters (13h01)
Grand Prix Asport pour Débutants (m-f) (14h15)
Grand Prix TRISPORT pour Dames (14h16)
Grand Prix Commune de Préizerdaul pour Elites/Espoirs (15h15)

Den Départ ass bei der Fabrik, rue du Pont am Préizerdaul

 

Aschreiwungen sin gratis, mée exclusivement Online via site FSCL

Douschen a Vestiären sin an der Sportshaal

>>Progrmm & Parcours<<

>>Inscription FSCL<<

>>Liste inscription<<

>> VIDEO Parcours <<

Cyclocross Kayl – 17.10.2020

(rtl.lu) Zu Keel stoung e Samschdeg dee regionale Cyclocross um Programm.

Bei der Elite- an Espoircourse waren eng 50 Coureuren um Depart. D’Konkurrenz fir d’Lëtzebuerger Coureure koum aus der Belsch an aus Frankräich, wou jo den Ament wéinst der sanitärer Situatioun net vill Coursse gefuer ginn.

An déi Konkurrenz zitt den Niveau vun de regionale Crossen hei am Land am Moment zolidd an d’Luucht. Beim Keeler Cross ass e gudden Depart wichteg fir an deene kniwwelege Bëschpassagen eng gutt Positioun ze hunn. Am Beschte war de Belsch Thomas Verheyen fortkomm. De Vainqueur vum Dippecher Cross de leschte Weekend gehéiert zu den Top-Amateure bei eisen Noperen a stoung d’Lescht Joer um Podium vum belschen Amateur-Championnat. 3 Stonnen am Auto fir op den Depart an der nees 3 fir nees heem hëlt de Verheyen a kaf, fir eng Kompetitioun kënnen ze fueren.

Hannert dem Verheyen huet sech am 2. Tour de Scott Thiltges op der 2. Plaz festgebass a konnt den Ecart géint dee staarke Géigner an den éischten Tier op Ronn 15 Sekonne stabiliséieren. De Champion Lex Reichleng konnt dee Rhythmus net matgoen a gouf vun engem Grupp vu Fransousen a Belsch agefaangen, fir um Enn 7. ze ginn. D’Ecarten op dee Grupp goufen awer ëmmer méi grouss, sou datt Verheyen an Thiltges op den zwou éischte Plazen ni a Gefor waren.

No 50 Minutte Course konnt de Verheyen d’Ärem hiewen a sech feiere loossen. De Scott Thiltges ass mat bësse méi wei enger Minutt Retard iwwer d’Linn gefuer. Och de jonke Mats Wentzel an den Eric Meyers sinn eng gutt Course gefuer a klasséiere sech an deem staarke Peloton op de Plazen 10 an 11. No 2 Woche Paus soll et dann am November mam Téitenger Cross wieder goen.

D’Resultater vun de Tooltime Coureuren

48 coureurs au départ

1. Thomas VERHEYEN 50’10“
6. Lex REICHLING +1’57“
18. Felix SCHREIBER +4’44“
29. Alec LANG à 1 tour
37. Maurice THILL à 1 tour

1 2 3 33